Sprache/Langue/Language

About us ...

Contact :

 

info.bonnievale@gmail.com

 

Tel : +352 691 819034

See us next here ...

Dem Ayabonga säi Wee ...

vum Jason Kamfer

 

Den Ayabonga hat net d’Chance, fir kënnen an eng Schoul ze goen. Wéi hien trotzdem liesen a schreiwe léiert, erzielt iech dëst Buch.

Erzielungen an Zeechnungen: Jason Kamfer

Sproochen: Lëtzebuergesch an Afrikaans

48 Säiten, 30x22.5 cm, haard Deckelen

ISBN: 978-99959-0-093-9

 

Präis: 17,00 €

 

D’Buch kënnt dir bestellen um Site www.bonnievale.org, per Email info.bonnievale@gmail.com oder duerch Iwwerweisung vun 19 € (plus 3 € Versand) op de Kont „Bonnievale-Project asbl » CCPLLULL : LU33 1111 2139 5469 0000 mam Vermierk « Ayabonga, Numm an Adress » ...

oder am Holzhaischen zu Jonglënster, bei Jouets Dumong zu Ettelbréck, Weltbutték Ettelbréck, Dikkrech, Stad-Lëtzebuerg

 

Photos 2015

« Dei 7 Méind an Südafrika an virun allem d'Zäit zu Bonnievale um Projet, war extrem wäertvoll fir mech. Ech hun vill iwwert eng nei an spannend Kultur geléiert an dobei déi wonnerbarst Kanner an Leit getraff. Am meesten hutt mer natierlech d'Arbecht mat de Kanner an Jugendlechen gefall - villes hun mir zesummen entdeckt, geschafft, gekniwwelt an all Mëtteger gelaacht. Ech sen emmer nach vun hierer positiver an oppener Art begeestert, wat mech ganz oft matgerappt hutt. BonniePeople ass eng grouss Famill, wou jiddereen zesummen hält an dat best fir d'Kanner aus dem Plakkerskamp an Emgéigend mecht. Ech denken mat vill Freed un déi schéin Zäit zréck an sen méi wéi frou, dass ech mein Bénévolat mat der Organisatioun Bonnievale-Project konnt maan! »

Lucie Stolwijk

Divers

Ouverture des nouvelles salles de classe